Neien Direkter am Lycée Technique Privé Emile Metz : D'Tanja Hofer iwwerhëllt d'Successioun vum Théo Thill

Dies ist eine satirische Website. Nimm es nicht ernst Es ist ein Witz.

2059 27946 Teilen

Nodeems den momentanen Direkter vum renomméierten Lycée vun Dummeldéng aus perséinlechen Grënn seng Démissioun ugekënnegt huet, gouff no RTL.lu Aussoen och schonn een neien Successeur fonnt.

Et handelt ët sëch hei ëm dat jonkt Tanja Hofer. Déi 27-jähreg Assistante Sociale aus dem SPOS vun dem uewen genannten Lycée, huet op sëch opmierksam gemaach, well si en erbittlechen Kampf géint sozial Ongerechtegkeeten säit hierem Carrièresufank, am Joer 2013 féiert. Hieren Asaz, hir Loyalitéit an hier Endurance hun dozougefouert, dass si, och wann e bessen iwwerraschent, den Posten vum Haer Thill iwwerhëllt.

"D'Madame Hofer ass top, cool, an superléiw." seet den Thierry S. , Schüler aus dem Schülercomité. Mee och kritesch Stëmmen sinn am alen Institut ze héieren: "Si ass einfach ze jonk, ze streng an schafft einfach ze vill." äussert sech een anonymen Proff.

Ze hoffen ass, dass déi engagéiert nei Direktesch séch matt hierer neier Aufgab net iwwerhëlt.

Dies ist eine satirische Website. Nimm es nicht ernst Es ist ein Witz.

loading Biewty